Leif Frënn a Supporter vum Mierscher Basket,
De BBC Black Star huet 2009 säi 75. Anniversaire gefeiert. Domader ass de Black Star haut e vun den eelste Veräiner hei zu Lëtzebuerg deen esouwuel am Dammen- wéi och am Häreberäich op eng grouss, an zum Deel ganz mouvementéiert Vergaangenheet zréck kucke kann. Dese ronne Gebuertsdag huet de Veräin den
18. September 2009 am Kader vun enger Séance académique an enger Fotoausstellung am Mierscher Kulturhaus gefeiert, déi vun engem Organisatiouns-Comité realiséiert gi sinn.
Fir dat di 75 Joer al Geschicht vum Club a lieweger Erënnerung bleiwt, huet den Organisatiouns-Comité, zesumme mam Comité vum Black Star, e Buch raus gin. Dest „Livre jubilaire“ retracéiert op 300 Säiten (Format DinA4) mat ganz ville Foto‘en déi sportléch Héichpunkter tëscht 1934 an haut: Champion‘s- Titele, Victoiren an der Coupe de Luxembourg a Coupe des Dames an d‘Participatiounen an der Coupe d‘Europe bei den Dammen a bei den Hären. D‘Evolutioun vum Basket am allgemengen an d‘Situatioun vum Black Star bis no de Krichsjoeren am speziellen si beschriwen.
Wéi kënnt dir een oder méi Exemplaire kréien?
Andems dir 40 € (Porto inkl.) op de CCP No LU861111 0175 5191 0000
vum Black Star Miersch iwerweist, mam Vermierk: Livre jubilaire.