Et ass gewosst, ouni Arbitter leeft et och net am Basket. Mee firwat gëtt een Arbitter, wat macht Spaass un der Aufgab, déi jo och net ëmmer fir ze lachen ass. Mir hunn eis mam Til Decker ënnerhaal, Basketssarbitter beim Black Star.

Til ier mer lassleeën, stell dech kuerz fir:

Mäin Numm ass Til Decker, sinn 22 Joer aal, studéieren op der Uni Heidelberg Geschicht an Geographie an säit 2018 sinn ech Basketsarbitter.

Wéi ass et dozou komm dass de Arbitter gi bass? Wat war deng Karriär am Basket iers de Arbitter gi bass ? Wat huet dech dozou bruecht?

Et war ee Basketmatch am Februar 2018 wou ech wie sou oft an där Saison Owes op der Auer beim Black Star gehollef hunn. An der Halbzeit hat ech dunn engem vun den Arbitteren, dem Patrick Glod, eng Fro gestalt. Hien huet mech doropshi gefrot op den Arbitrage naischt fir mech wier an ech sot firwat net, probéiere kann een et jo mol. An nom formelle Pabeierkrom hat ech dunn 2 Wochen drop mäin éischte Match ze päifen.

Virun der Arbitterskarriär hunn ech selwer beim Black Star Basket gespillt, well d’Motivatioun dofir awer ofgeholl hat an ech dem Sport wollt trei bleiwen hunn ech de Schrëtt an den Arbitrage gemaach.

Wat fir eng Alterskategorien an Divisiounen arbitréiers de? Wou mécht et am meeschte Spaass?

Ech arbitréiere vun Minis bis Dammen Total League an Nationale 2 Hären. Am meeschte Spaass ass schwéier ze soen. Ech schaffen zum Beispill gär u mir selwer an dat geet méi einfach a Jugend oder Senior reserves Matcher. Mee ech sammelen och gär nei Erfahrungen och wann se net ëmmer sou einfach sinn an dat mëscht een an der Dammen Total League an Hären Nationale 2. Et mëscht am grousse ganzen einfach Spaass um Terrain ze stoen an ze arbitréieren an dem Sport domat trei ze bleiwen an een deel dovun ze sinn, och well ee souvill bekannten awer och nei Gesiichter Weekend fir Weekend gesäit an ee mat deenen interagéiere kann. An Ziel ass ganz kloer eng Kéier Hären Total League ze paife. Mee do gin ech nom Prinzip näischt iwwerstierze mee step by step.

Arbitréiere kann zimmlech stresseg sinn, tëschent de Spiller, de Coachen am Publikum déi al eng aner Meenung hunn. Wéi gees de mat dem Stress en? Wou si rout Linnen déi een net dierf iwwerschreide bei dir?

Déi stresseg Momenter kann ee leider net ëmmer evitéiere. Mee déi gehéieren och zum Sport genau wéi d’Emotiounen och. Fir domat ëmzegoe muss een an éischter Linn einfach mol roueg bleiwen och wann dat net ëmmer einfach ass zemools wann ee vlaicht nach net sou vill Erfahrung huet. Wat ech geleiert hunn ass, dass ee mat kontrolléierter a roueger Kommunikatioun z.B mat Coach a Spiller ganz wäit kennt, och fir ee Match ze berouegen. Op Zuschauer soll an duerf een einfach net lauschtere well wann do 150 Leit eng aner Meenung hunn dann hält een net méi op. Oft hëlleft awer eng kommunikativ Aart a Weis um Terrain och d’Gemidder op der Tribün ze berouegen. Rout Linnen déi een net duerf iwwerschreide sinn ofhängeg dovu wéi de Match verleeft an kann een net verallgemengeren. Natierlech Fluchwierder an onrespektvoll Gesten déi kloer géint Arbitter, Spiller oder Trainer ginn um Terrain, sinn net ze toleréieren.

Wat war bis elo däin Highlight als Ref ?

Meng Highlighte bis elo waren Fillettes Coupe Finale an der Saison 2018/2019 an der Coque. Dat war eng mega Erfarung. Dann d’lescht Saison déi éischt Championnats Halleffinall tëscht Diddeleng an Steesel an der Dammen Total League an des Saison natierlech och mäin éischten Nationale 2 Häre Match.

Et sinn net genuch Arbitteren do. Wat géifs de jonke Leit soen déi sech froen ob dat eng gutt Iddi wier. Firwat soll ee sech als Arbitter engagéieren?

Et ass flott als jonken z.B als Spiller eng aner Perspektiv vum Basket ze gesinn an ze gesinn dass mir och keen einfache Job hunn, et ass en plus eng nei Erfahrung di ee kritt an een virun allem am Charakter a mental stäerkt. Des weidere gëtt et een Täschegeld wat en mat sengem Lieblingssport verbanne kann. An de Slogan No Ref No Game steet bei där Fro och ganz grouss am Virdergrond. An säit 2-3 Joer gëtt et de Projet10 wou een seng éischt 10 Matcher een erfuerenen Arbitter un d’Säit gestallt kritt a soumat en gudden Encadrement fir de Start an d’Arbitterskarriär huet wou een och vill Leit kenneléiert di engem och am spéidere Liewe kenne weider hëllefen.

Wann jonker interesséiert sinn Arbitter ze gi kennen se sech iwwer www.ADABL.org, der Association vun de lëtzebuergeschen Baskettarbitteren, informéieren.

Merci fir dësen Abléck an een Aspekt vum Basket den ee sos net vill ze pake kritt !