Mir hunn eis mam Mike Pravisani ënnerhaal. De Mike trainéiert d’Dammenekipp vum Black Star an der zweeter Saison. A senger Zait als Aktiven huet de Mike zu Ettelbréck an an der Fiels gespillt. Als Coach huet hien zu Kielen ugefaang an ass elo Dammentrainer beim Black Star, sait der Saison 2020-2021.

Mike, du trainéiers d’Dammen vum Black Star. Dir hutt e staarken éischten Deel vun der Saison geliwwert, 9 Victoiren aus 11 Matcher an der Nationale 2. Wat ass deng Analyse elo kuerz viru Joresenn? Entsprécht et dengen Erwaardungen vum Ufank vun der Saison?

Mike Pravisani

Ech wosst vun Ufank un dat een risegt Potential an eiser Dammenequipe géif stiechen, doweinst waren meng perséinlech Erwaardungen och relativ héich ugesat.

Et ass effektiv eng flott Momentopnam wann een sech Tabell ukukkt. Mir hunn eis an eng Positioun lo bruecht wou mir et selwer an der Hand hunn, eis fir d’Play-off’s kennen ze qualifizéieren.

Ech sinn souwäit zefridden mam verlaf vun der Saison an och  mat der Entwécklung vun den  jonken Spillerinnen opwuel et coronabedéngt awer nach ëmmer eng méi speziell Situatioun/Saison ass mat deem engen oder aneren Imprévu mee do mussen mir duerch.

Wéi geet d‘Saison weider no der Paus, wat ass d’Zil wat der Iech gestallt hutt ? U wat muss nach geschafft ginn fir et ze erreechen ?

Ufanks war et mäin Ziel, aus deenen villen gudden individuellen letzebuergesche Spillerinnen eng Equipe ze bilden déi harmonéiert on- an offcourt. Ech sinn frou dat dat séier den Fall war (well et charakterlech ganz gutt Meedercher sinn) an dat huet een och séier um Terrain gemierkt well Spiller déi sech géigesäiteg schätzen an wou eng kollegial Stëmmung herrscht, gin emsou méi alles een fir deen aner.

Black Star Women’s Team 2021-2022

Desweideren sin mir nom 1/4 final Coupe des dames Match géint Esch op den goût komm eis geint Ekippen dei mat 2-3 Profispillerinen ausgestatt sinn ze moossen.

Eist Ziel ass et dann also och 1ten oder 2ten ze ginn an sech soumat fir den Play-off ze qualifizéieren. Fir dat Ziel ze ereechen gellt et dat Jiddereen weiderhin present um Training ass an Intensitéit héich ze halen an net nozeloossen well déi wichteg Matcher kommen réischt lo op eis duer, allerdéngs si mir alleguerten positiv gestemmt eist Ziel ze verwierklechen.

Gëff eise en Abléck an dain Handwierksgeschier. Wéi gees de vir wann et an engem Match emol guer net leeft ? Wéi kriss de d’Moral vun denge Spillerinnen opgebaut ? Wéi dreiws de d’Moral an d’Luucht wann d’Spillerinnen emol duerchhänken ?

Dat ass ënnerschedlech. Et gi Situatiounen wou d’Medercher alles um Terrain ginn, an déi einfachste Schëss wëllen einfach net eragoen, an dat mecht ee jo och net express. Da wier et kontraproduktiv fir do nach dropzeschloen a groussaarteg ze kritiséieren. Da muss een d‘Medercher opbauen, dass se dru glewen dass d’Bäll irgendwann eraginn. Anerwärts ass et aawer sou, wan just 2 oder 3 Spillerinnen um Terrain alles ginn an déi aner gi just 75% oder manner, da muss een och eng Kéier méi haart ginn, fir e wakreg ze maachen an ze motivéieren, dass et sou net geet. 

In Action

Anhand vun Enzelgespréicher probéieren ech rauszefanne wou de Schong graad dreckt wann ech d’Impressioun hunn dass et bei dem engen oder aneren graad net leeft. Ech ech probéieren einfach fir d’Spillerinne sou gutt wéi et geet opzebauen. Fir d’Medercher ze motivéieren, kréien se och heiansdo puer Message kuerz virum Match, wen se sollen halen, an esou. Dat wierkt motivéirend.Fir de Rescht wëll ech net zevill präisginn, et wëll ee jo net alles verroden 🙂

Et gi beim Black Star an den ënneschten Alterkategorien eng ganz Rei Meedercher déi mat voller Motviatioun dobai sinn. Bei de Scolaires a Cadets sinn da keng méi do. Wat muss am Verain geschéien fir dass mer duerchgehend Meedercherekippen hunn ?

Dee Phenomen do gëtt et scho sait Joren. Allerdengs gëtt et dat net nemmen am Basket, mee och am Handball, am Volleyball. Wann ech mech mat Kollegen austauschen aus dene Sportarten, dann hunn déi déi delwecht Problemer, net nemmen am Basket. An do geet et net nemme Miersch esou, mee al den Ekippen, och dene groussen Ekippen.

More Action on the court

Sou schued et ass, mee Basket ass net méi sou populär wéi virun e puer Joer. Dat lait dorun dass de och am Fernseh praktesch kee Basket méi gesais. Alles ass momentan just nach op de Fussball fixéiert. An dat ass och de Grond firwat souvill Leit an de Fussball ginn, well déi bekloe kee Mangel u Spiller.

Ee Geheimrezept dogéint dass souvill Kanner an engem gewëssen Alter wech falen, hunn ech net. Den Austausch tëschent Elteren a Kanner misst besser sinn. Dat wier d’Unzuel wahrscheinlech net sou grouss wéivill der wechfalen. An da géif ech et gutt fannen dass bis eng gewëss Alterskategorie, all Spiller déi selwecht Unzuel Minutte misst ze spille kréien. Well et kann een net am Alter vun 12 Joër soen ob dat eng Kéier ee richteg gudde Spiller gëtt oder net. Do sinn nach vill Joren dertëschent an et gi vill Beispiller vu richteg gudde Basketspiller déi wou se jonk waren, net zu dene beschte gehéiert hunn. An dann an engem Zaitraum vun engem oder zwee Joer hunn se e Riseprogrès, ee Risefortschrëtt gemaach an si sinn zu engem Superstar erugewuess. 

An dann nach eng aner Saach déi ech net gutt fannen, wéi verschidden Traineren oder Elterendeler hir Kanner ublären, ujäizen an do probéieren ze pushen während Matcher. Do mengt een heiansdo et géif em eng gëlle Kou goen an dat ass aawer alles net produktiv. Sou verléiere vill Kanner de Spaass um Basket, an wann dee bis fort ass, da gëtt et keen Zeréck méi, dann hällt d’Kand op.

Mike, erziel eis zum Schluss nach eppes zu dir selwer. Wat ass deng Karriär am Basket, dai gréissten achievement ? Wéi bass de Coach ginn ? Wou wëlls de nach hinn an dengem Basketsliewen ?

Mike on the court

Ech hu mat 4 Joer deemols ugefaang, dat war am Babybasket zu Ettelbréck. Insgesamt hunn ech 26 Joer Basket gespillt a hu leider misse mat 30 Joer ophalen, verletzungsbedingt, well meng Achillessehn gestreikt huet. Ech war déi Zait zu Ettelbreck bei den Hären, et war net ëmmer einfach well ech net emmer immens vill Spillzait kruut, mee et war schéin sech do kënnen mat dene beschte Spiller aus Lëtzebuerg ze moossen. An do huet ee vill Saache baigeléiert.

Mat Ofstand war meng beschte Saison meng leschte Saison. Do hunn ech an der Fiels gespillt. Mir sinn als krassen Aussesaiter gehandelt ginn an hunn et schlussendlech bis an d’Playoffs gepakkt. Dat war een exploit mat dem kee gerechent haat.

Nodeems ech noutgedrongen hu missen ophale mam Basket haat ech ronn 3 Joer net méi vill mam Basket um Hutt, well et mer schwéier gefaal ass an eng Basketshaal ze goen an de Jongen nozekukke beim Basket. Virun 3 oder 4 Joer, kuerz viru Saisonstart, krutt ech onverhooft een Telefon vun engem Meedchen wat zu Kielen gespillt huet, ob ech mer kéint viirstellen, eventuell bei hinnen Trainer ze ginn. Si hu mech agelueden op ee Probetraining, an du kruut ech d’Noriicht, dass si sech fir mech entscheed hunn. Sou huet déi ganz aventure ugefaangen mat de Medercher. An et sinn der nach ëmmer 3 oder 4 Steck déi iwwreg bliwwe sinn, déi och lo nach zu Miersch mat dobai sinn.

Merci fir dësen Interview an d’Geleenheet dech besser kennenzeléieren !