Posted by Webmaster BSM On November - 15 - 2011 0 Comment

Den 11. Februar 2012 fuere mer mat der Jugendcommissioun vum Black Star Miersch op Tréier, fir de Match
TBB Trier – FC Bayern München
kucken ze goen, deen um 20 Auer ugepaff gëtt. (http://www.tbb-trier.de/)
De Bus gëtt vun der Jugendcommissioun bezuelt, grad wéi och en Deel vum Entréespräis vun den aktive Spiller a Spillerinnen. De Präis vun enger Entrée läit bei ongeféier 12 Euro fir Kanner a Jugendlecher bis 16 Joer a bei ongeféier 20 Euro fir  Jugendlecher an Erwuessener vu 17 Joer un. Mir mussen sou séier wéi méiglech de Bus an d’Entréesticket’ën reservéieren, fir datt mer och all beienee sëtzen. Dofir musst dir iech sou séier wéi méiglech umellen, dëst virum 15. November!!!
Schéckt am beschten direkt nach eng entspriechend Mail  un dës Adress mat ären Numm a ween alles matgeet.

Comments are closed.