Black Star Mersch was founded in 1934.

Luxembourgish Men Champion: 1966 & 1968
Luxembourgish Women Champion: 1971, 1972, 1973, 1976, 1979, 1982, 1983 & 1985
Luxembourgish Women Cup Winner: 1970, 1972, 1975, 1978, 1981, 1982 & 1983

Coupe FLBB Women Winner: 2007 and 2023

 

Leif Frënn a Supporter vum Mierscher Basket,

De  BBC  Black  Star  huet  2009  säi  75.  Anniversaire  gefeiert. Domader ass de Black Star haut e vun den eelste Veräiner hei zu Lëtzebuerg deen esouwuel am Dammen- wéi och am Häreberäich op eng grouss, an zum Deel ganz mouvementéiert Vergaangenheet zréck kucke kann. Dese ronne Gebuertsdag  huet de Veräin den
18. September 2009 am Kader vun enger Séance académique  an enger  Fotoausstellung am Mierscher  Kulturhaus gefeiert, déi vun engem Organisatiouns-Comité realiséiert gi sinn.

Fir dat  di 75 Joer al Geschicht vum Club a lieweger  Erënnerung bleiwt, huet  den    Organisatiouns-Comité,  zesumme  mam Comité vum Black  Star, e Buch  raus gin.  Dest  „Livre  jubilaire“ retracéiert op 300 Säiten (Format DinA4) mat ganz ville Foto‘en déi  sportléch  Héichpunkter  tëscht    1934  an  haut:  Champion‘s- Titele, Victoiren an der Coupe de Luxembourg a Coupe des Dames an d‘Participatiounen  an der  Coupe d‘Europe  bei  den  Dammen a bei  den  Hären. D‘Evolutioun vum Basket am allgemengen  an d‘Situatioun vum Black Star bis no de Krichsjoeren am speziellen si beschriwen.

Wéi kënnt dir een oder méi Exemplaire kréien?
Andems dir 40 € (Porto inkl.) op den
CCP No LU861111 0175 5191 0000
vum  Black  Star Miersch  iwerweist, mam Vermierk: Livre jubilaire.