{"id":4635,"date":"2021-12-29T18:21:42","date_gmt":"2021-12-29T17:21:42","guid":{"rendered":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/?page_id=4635"},"modified":"2021-12-29T19:54:21","modified_gmt":"2021-12-29T18:54:21","slug":"interview-coach-mike","status":"publish","type":"page","link":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/?page_id=4635","title":{"rendered":"Den Interview mam Mike Pravisani, Dammentrainer vum Black Star"},"content":{"rendered":"\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Mir hunn eis mam Mike Pravisani \u00ebnnerhaal. De Mike train\u00e9iert d&#8217;Dammenekipp vum Black Star an der zweeter Saison. A senger Zait als Aktiven huet de Mike zu Ettelbr\u00e9ck an an der Fiels gespillt. Als Coach huet hien zu Kielen ugefaang an ass elo Dammentrainer beim Black Star, sait der Saison 2020-2021.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><em><strong>Mike, du train\u00e9iers d\u2019Dammen vum Black Star. Dir hutt e staarken \u00e9ischten Deel vun der Saison geliwwert, 9 Victoiren aus 11 Matcher an der Nationale 2. Wat ass deng Analyse elo kuerz viru Joresenn? Entspr\u00e9cht&nbsp;et dengen Erwaardungen vum Ufank vun der Saison?<\/strong><\/em><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image\"><figure class=\"alignleft size-full is-resized\"><a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Team-pictures-26-of-29.jpg\"><img loading=\"lazy\" src=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Team-pictures-26-of-29.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-4636\" width=\"187\" height=\"227\" srcset=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Team-pictures-26-of-29.jpg 512w, https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Team-pictures-26-of-29-247x300.jpg 247w\" sizes=\"(max-width: 187px) 100vw, 187px\" \/><\/a><figcaption>Mike Pravisani<\/figcaption><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Ech wosst vun Ufank un dat een risegt&nbsp;Potential an eiser Dammenequipe g\u00e9if&nbsp;stiechen, doweinst waren&nbsp;meng pers\u00e9inlech Erwaardungen&nbsp;och relativ h\u00e9ich ugesat.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Et ass&nbsp;effektiv eng flott Momentopnam&nbsp;wann een sech Tabell ukukkt. Mir hunn&nbsp;eis an eng Positioun lo bruecht wou mir et selwer an der Hand hunn, eis fir d&#8217;Play-off\u2019s kennen ze qualifiz\u00e9ieren.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Ech sinn souw\u00e4it&nbsp;zefridden mam verlaf&nbsp;vun der Saison&nbsp;an och&nbsp; mat der Entw\u00e9cklung vun den&nbsp; jonken Spillerinnen opwuel et coronabed\u00e9ngt awer nach \u00ebmmer&nbsp;eng m\u00e9i&nbsp;speziell Situatioun\/Saison ass&nbsp;mat deem engen oder aneren Impr\u00e9vu mee do mussen mir duerch.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-group\"><div class=\"wp-block-group__inner-container\">\n<p><\/p>\n<\/div><\/div>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><em><strong>W\u00e9i geet d\u2018Saison weider no der Paus, wat ass d\u2019Zil wat der Iech gestallt hutt ? U wat muss nach geschafft ginn fir et ze erreechen&nbsp;?<\/strong><\/em><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color\"><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Ufanks war&nbsp;et m\u00e4in&nbsp;Ziel, aus deenen villen gudden individuellen letzebuergesche&nbsp;Spillerinnen eng Equipe&nbsp;ze bilden d\u00e9i harmon\u00e9iert&nbsp;on- an offcourt. Ech sinn&nbsp;frou dat dat s\u00e9ier&nbsp;den Fall war&nbsp;(well et charakterlech ganz gutt Meedercher sinn) an dat&nbsp;huet een och s\u00e9ier&nbsp;um Terrain&nbsp;gemierkt well Spiller d\u00e9i&nbsp;sech g\u00e9iges\u00e4iteg&nbsp;sch\u00e4tzen an wou eng kollegial St\u00ebmmung herrscht, gin emsou m\u00e9i&nbsp;alles een fir deen aner.<\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image is-style-default\"><figure class=\"alignright size-medium is-resized\"><a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Ladies-1.jpg\"><img loading=\"lazy\" src=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Ladies-1-300x200.jpg\" alt=\"\" class=\"wp-image-4677\" width=\"438\" height=\"293\" srcset=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Ladies-1-300x200.jpg 300w, https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Ladies-1-768x512.jpg 768w, https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/Blackstar-Mersch-Ladies-1.jpg 1024w\" sizes=\"(max-width: 438px) 100vw, 438px\" \/><\/a><figcaption>Black Star Women&#8217;s Team 2021-2022<\/figcaption><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Desweideren sin mir nom 1\/4 final Coupe&nbsp;des dames Match&nbsp;g\u00e9int Esch&nbsp;op den go\u00fbt&nbsp;komm eis geint&nbsp;Ekippen dei mat 2-3 Profispillerinen ausgestatt sinn&nbsp;ze moossen.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Eist Ziel ass&nbsp;et dann also och 1ten oder 2ten ze ginn&nbsp;an sech soumat fir den Play-off ze qualifiz\u00e9ieren. Fir dat&nbsp;Ziel ze ereechen gellt et dat Jiddereen weiderhin present&nbsp;um Training ass&nbsp;an Intensit\u00e9it h\u00e9ich&nbsp;ze halen&nbsp;an net nozeloossen&nbsp;well d\u00e9i&nbsp;wichteg Matcher kommen r\u00e9ischt&nbsp;lo op eis duer, allerd\u00e9ngs si&nbsp;mir alleguerten positiv gestemmt eist Ziel ze verwierklechen.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><strong><em>G\u00ebff eise en Abl\u00e9ck an dain Handwierksgeschier. W\u00e9i gees de vir wann et an engem Match emol guer net leeft ? W\u00e9i kriss de d\u2019Moral vun denge Spillerinnen opgebaut ? W\u00e9i dreiws de d\u2019Moral an d\u2019Luucht wann d\u2019Spillerinnen emol duerchh\u00e4nken ?<\/em><\/strong><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Dat ass \u00ebnnerschedlech. Et gi Situatiounen wou d\u2019Medercher alles um Terrain ginn, an d\u00e9i einfachste Sch\u00ebss w\u00ebllen einfach net eragoen, an dat mecht ee jo och net express. Da wier et kontraproduktiv fir do nach dropzeschloen a groussaarteg ze kritis\u00e9ieren. Da muss een d\u2018Medercher opbauen, dass se dru glewen dass d\u2019B\u00e4ll irgendwann eraginn. Anerw\u00e4rts ass et aawer sou, wan just 2 oder 3 Spillerinnen um Terrain alles ginn an d\u00e9i aner gi just 75% oder manner, da muss een och eng K\u00e9ier m\u00e9i haart ginn, fir e wakreg ze maachen an ze motiv\u00e9ieren, dass et sou net geet.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image\"><figure class=\"alignleft size-large is-resized\"><a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/3-e1640797388965.jpeg\"><img loading=\"lazy\" src=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/3-1024x682.jpeg\" alt=\"\" class=\"wp-image-4711\" width=\"355\" height=\"236\"\/><\/a><figcaption>In Action<\/figcaption><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Anhand vun Enzelgespr\u00e9icher prob\u00e9ieren ech rauszefanne wou de Schong graad dreckt wann ech d\u2019Impressioun hunn dass et bei dem engen oder aneren graad net leeft. Ech ech prob\u00e9ieren einfach fir d\u2019Spillerinne sou gutt w\u00e9i et geet opzebauen. Fir d\u2019Medercher ze motiv\u00e9ieren, kr\u00e9ien se och heiansdo puer Message kuerz virum Match, wen se sollen halen, an esou. Dat wierkt motiv\u00e9irend.Fir de Rescht w\u00ebll ech net zevill pr\u00e4isginn, et w\u00ebll ee jo net alles verroden&nbsp;\ud83d\ude42<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><strong><em>Et gi beim Black Star an den \u00ebnneschten Alterkategorien eng ganz Rei Meedercher d\u00e9i mat voller Motviatioun dobai sinn. Bei de Scolaires a Cadets sinn da keng m\u00e9i do. Wat muss am Verain gesch\u00e9ien fir dass mer duerchgehend Meedercherekippen hunn ?<\/em><\/strong><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Dee Phenomen do g\u00ebtt et scho sait Joren. Allerdengs g\u00ebtt et dat net nemmen am Basket, mee och am Handball, am Volleyball. Wann ech mech mat Kollegen austauschen aus dene Sportarten, dann hunn d\u00e9i d\u00e9i delwecht Problemer, net nemmen am Basket. An do geet et net nemme Miersch esou, mee al den Ekippen, och dene groussen Ekippen.<\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image\"><figure class=\"alignright size-large is-resized\"><a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/4-1-e1640797378366.jpeg\"><img loading=\"lazy\" src=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/4-1-1024x682.jpeg\" alt=\"\" class=\"wp-image-4715\" width=\"405\" height=\"270\"\/><\/a><figcaption>More Action on the court<\/figcaption><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Sou schued et ass, mee Basket ass net m\u00e9i sou popul\u00e4r w\u00e9i virun e puer Joer.&nbsp;Dat lait dorun dass de och am Fernseh praktesch kee Basket m\u00e9i gesais. Alles ass momentan just nach op de Fussball fix\u00e9iert. An dat ass och de Grond firwat souvill Leit an de Fussball ginn, well d\u00e9i bekloe kee Mangel u Spiller.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Ee Geheimrezept dog\u00e9int dass souvill Kanner an engem gew\u00ebssen Alter wech falen, hunn ech net. Den Austausch t\u00ebschent Elteren a Kanner misst besser sinn. Dat wier d\u2019Unzuel wahrscheinlech net sou grouss w\u00e9ivill der wechfalen. An da g\u00e9if ech et gutt fannen dass bis eng gew\u00ebss Alterskategorie, all Spiller d\u00e9i selwecht Unzuel Minutte misst ze spille kr\u00e9ien. Well et kann een net am Alter vun 12 Jo\u00ebr soen ob dat eng K\u00e9ier ee richteg gudde Spiller g\u00ebtt oder net. Do sinn nach vill Joren dert\u00ebschent an et gi vill Beispiller vu richteg gudde Basketspiller d\u00e9i wou se jonk waren, net zu dene beschte geh\u00e9iert hunn. An dann an engem Zaitraum vun engem oder zwee Joer hunn se e Riseprogr\u00e8s, ee Risefortschr\u00ebtt gemaach an si sinn zu engem Superstar erugewuess.&nbsp;<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">An dann nach eng aner Saach d\u00e9i ech net gutt fannen, w\u00e9i verschidden Traineren oder Elterendeler hir Kanner ubl\u00e4ren, uj\u00e4izen an do prob\u00e9ieren ze pushen w\u00e4hrend Matcher. Do mengt een heiansdo et g\u00e9if em eng g\u00eblle Kou goen an dat ass aawer alles net produktiv. Sou verl\u00e9iere vill Kanner de Spaass um Basket, an wann dee bis fort ass, da g\u00ebtt et keen Zer\u00e9ck m\u00e9i, dann h\u00e4llt d\u2019Kand op.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><strong><em>Mike, erziel eis zum Schluss nach eppes zu dir selwer. Wat ass deng Karri\u00e4r am Basket, dai gr\u00e9issten achievement ? W\u00e9i bass de Coach ginn ? Wou w\u00eblls de nach hinn an dengem Basketsliewen ?<\/em><\/strong><\/p>\n\n\n\n<div class=\"wp-block-image\"><figure class=\"alignleft size-medium is-resized\"><a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/5-1.jpeg\"><img loading=\"lazy\" src=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/wp-content\/uploads\/2021\/12\/5-1-300x263.jpeg\" alt=\"\" class=\"wp-image-4691\" width=\"397\" height=\"347\"\/><\/a><figcaption>Mike on the court<\/figcaption><\/figure><\/div>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Ech hu mat 4 Joer deemols ugefaang, dat war am Babybasket zu Ettelbr\u00e9ck. Insgesamt hunn ech 26 Joer Basket gespillt a hu leider misse mat 30 Joer ophalen, verletzungsbedingt, well meng Achillessehn gestreikt huet. Ech war d\u00e9i Zait zu Ettelbreck bei den H\u00e4ren, et war net \u00ebmmer einfach well ech net emmer immens vill Spillzait kruut, mee et war sch\u00e9in sech do k\u00ebnnen mat dene beschte Spiller aus L\u00ebtzebuerg ze moossen. An do huet ee vill Saache baigel\u00e9iert.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Mat Ofstand war meng beschte Saison meng leschte Saison. Do hunn ech an der Fiels gespillt. Mir sinn als krassen Aussesaiter gehandelt ginn an hunn et schlussendlech bis an d\u2019Playoffs gepakkt. Dat war een exploit mat dem kee gerechent haat.<\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\">Nodeems ech noutgedrongen hu missen ophale mam Basket haat ech ronn 3 Joer net m\u00e9i vill mam Basket um Hutt, well et mer schw\u00e9ier gefaal ass an eng Basketshaal ze goen an de Jongen nozekukke beim Basket. Virun 3 oder 4 Joer, kuerz viru Saisonstart, krutt ech onverhooft een Telefon vun engem Meedchen wat zu Kielen gespillt huet, ob ech mer k\u00e9int viirstellen, eventuell bei hinnen Trainer ze ginn. Si hu mech agelueden op ee Probetraining, an du kruut ech d\u2019Noriicht, dass si sech fir mech entscheed hunn. Sou huet d\u00e9i ganz aventure ugefaangen mat de Medercher. An et sinn der nach \u00ebmmer 3 oder 4 Steck d\u00e9i iwwreg bliwwe sinn, d\u00e9i och lo nach zu Miersch mat dobai sinn.<\/p>\n\n\n\n<p><\/p>\n\n\n\n<p class=\"has-black-color has-text-color has-medium-font-size\"><strong><em>Merci fir d\u00ebsen Interview an d&#8217;Geleenheet dech besser kennenzel\u00e9ieren !<\/em><\/strong><\/p>\n","protected":false},"excerpt":{"rendered":"<p>Mir hunn eis mam Mike Pravisani \u00ebnnerhaal. De Mike train\u00e9iert d&#8217;Dammenekipp vum Black Star an der zweeter Saison. A senger Zait als Aktiven huet de Mike zu Ettelbr\u00e9ck an an der Fiels gespillt. Als Coach huet hien zu Kielen ugefaang an ass elo Dammentrainer beim Black Star, sait der Saison 2020-2021. Mike, du train\u00e9iers d\u2019Dammen vum Black Star. Dir hutt e staarken \u00e9ischten Deel vun der Saison geliwwert, 9 Victoiren aus 11 Matcher an der Nationale 2. Wat ass deng Analyse elo kuerz viru Joresenn? Entspr\u00e9cht&nbsp;et dengen Erwaardungen vum Ufank vun der Saison? Ech wosst vun Ufank un dat een<a href=\"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/?page_id=4635\">&nbsp;&nbsp;[ Read More ]<\/a><\/p>\n","protected":false},"author":2,"featured_media":0,"parent":0,"menu_order":0,"comment_status":"closed","ping_status":"closed","template":"","meta":{"ngg_post_thumbnail":0},"_links":{"self":[{"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/4635"}],"collection":[{"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages"}],"about":[{"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/types\/page"}],"author":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/users\/2"}],"replies":[{"embeddable":true,"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fcomments&post=4635"}],"version-history":[{"count":70,"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/4635\/revisions"}],"predecessor-version":[{"id":4746,"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=\/wp\/v2\/pages\/4635\/revisions\/4746"}],"wp:attachment":[{"href":"https:\/\/blackstar-mersch.lu\/index.php?rest_route=%2Fwp%2Fv2%2Fmedia&parent=4635"}],"curies":[{"name":"wp","href":"https:\/\/api.w.org\/{rel}","templated":true}]}}