Posted by secretaire@blackstar-mersch.lu On April - 30 - 2022 0 Comment

Lo wou d’Saison an der Nationale II eriwwer ass, huet d’FLBB eng Scorerlëscht compiléiert mat jeweils de beschten JICL respektiv Non-JICL Scorer. Och wann d’Saison fir eis Senior A net zur allgemenger Zefriddenheet gelaaf ass, hunn 2 vun eise Spieler et an déi Lëschte gepakkt.

De Pit Hansen ass #6 an der JICL Scorerlëscht mat engem average vun 11.5 Punkten. De Pit seet dozou dass et hien enorm motiviert ze gesinn dass en sech och offensiv verbessert huet. Hien huet wëlles an Zukunft an USA ze studéieren fir och do seng Praxis weider ze verbesseren.

De Marq Gordon ass excellenten #2 an der Non-JICL Lëscht mat 29.8 Punkten average, 0.3 Punkten hannert dem Khalil Small vun Avanti.

Hinnen 2 Félicitatioune vue ganze Verain. Respekt !

Hei déi komplett Lëscht vun den Topscorer

Comments are closed.